Biller vun Kazenausstellungen an aneren Evenementer bei denen Memberen vum KCL deelgeholl hunn

Dës Biller sinn zum gréissten Deel vun net Professionnellen gemeet ginn. Erhoft Iech w.e.g. keng professionnel Qualitéit. Verschiddener sinn onscharf, anerer net. Just puer wéineg sinn beaarbecht ginn fir d’Qualitéit ze verbessern iet se verëffentlecht ginn sinn. Et sinn just Erënnerungen un Kazenausstellungen oder aneren Evenementer bei denen Memberen vum KCL deelgeholl hunn. Natiirlech ass den gréissten Deel vun den Biller vun Memberen (oder Frênn) an hieren Kazen.

D’Biller kënnen benotzt ginn sou lange d’Waasserzeechen drop geloss get oder den KCL als Quell vum Bild uginn get.

All Ufro vum KCL een Bild an enger vun Äeren Publikatiounen ze läschen muss ouni Verzögerung befolegt ginn.

W.e.g. och den Text ënnen op der Säit liesen. 

Wenn Dir, aus wéiengem Grond och ëmmer, net wëllt, dass Dir op engem Bild ze erkennen sidd, kënnt Dir eng Email mat engem Identitätsnoweis, mat enger Kopie vun deem Bild un contact@kaze-club.lu schecken. Äert Gesiicht get dann onscharf gemeet. Gidd eis w.e.g. 1 Woch fir dat ze beaarbechten.  Wann d’Bild duerno verëffentlecht get, get Äeren Identitätsnoweis an eisem System komplett geläscht.

Am Aklang mat dem RGPD sinn d’Gesiichter vun Mannerjähregen onscharf gemeet ginn. Dir kënnt een Email mat Äerem Accord schecken, wann Dir dat bei Äerem Kand net wëllt.

Biller an Photoen sinn op amazon photos gespäichert. (Am Browser siichtbar, d’App muss net installiert ginn.)

Kaze-Club Lëtzebuerg