Iwwert eis

Iwwert eis

Den Kaze-Club Lëtzebuerg asbl ass vun puer lëtzebuerger Ziichtern Ufang Juli 2023 gegrënnt ginn. En ass ënnert derNummer F14131 beim Luxembourg Business Registry agedroen.

Zum gréissten Deel besteet d'Vereenegung aus Ziichtern aus Lëtzebuerg, mee och aus der Groussregioun.

Den 27. Januar 2024, huet d'Generalversammlung vun der Felis Belgica (FBe), den Kaze-Club Lëtzebuerg an hier Organisatioun opgeholl. Den KCL ass domadder duerch FBe een Club vun der Fédération Internationale Féline (FIFé) ginn.

Eent vun eisen Zieler ass et d'Schnëttstell zwëschent Ziichter an Keefer vun Rassekatzen zu sinn.

Ausserdem offréieren mir sowuel den Ziichter, wéi och den Keefer mat eisem Rot ze hëllefen.

An der Rubrik "Lëscht vun Ziichter" sinn déi bei eis agedroen Ziichter ze fannen. Beuecht w.e.g., dass mir just d'Kontaktdaten hei op der Säit verëffentlechen, awer net ob momentan Kitten disponibel sinn oder net. Fir dat gewuer ze ginn, bieden mir Iech, déi jeweileg Ziichter direkt ze kontaktéieren.

Kaze-Club Lëtzebuerg